top of page
Image by Erol Ahmed

Den LSI

Wëllkomm beim LSI! Mir als Vetrieder vun de Lëtzebuerger Studenten zu Innsbruck sinn Responsabel den Studenten an hirem Alldag ze hëllefen an ze ënnerstëtzen. Ob du grad eréischt nei zu Innsbruck ukënns oder schonn e puer Semester hei bass, bei eis fënns du Ënnerstëtzung, nei Frëndschaften a vill Spaass.

LSI Comité 2025/26

Iwwert eis

De Veräin vun de Lëtzebuerger Studenten zu Innsbruck (LSI) gouf 2016 nei gegrënnt a ass zënter dem nëmmen nach gewuess. Haut ziele mir méi wéi 250 aktiv Memberen, also bal d'Hallschent vun de ronn 500 Lëtzebuerger Studenten déi zu Innsbruck liewen. Domat sinn mir een vun den gréissten lëtzebuergeschen Studentencerclen  am Ausland.


Innsbruck ass net ouni Grond sou beléift bei de Lëtzebuerger Studenten. D'Stad am Häerz vun den Alpen bitt renomméiert Universitéiten wéi d'Leopold-Franzens-Universität, d'Medizinesch Universitéit oder den Management Center Innsbruck, kombinéiert mat enger aussergewéinlecher Liewensqualitéit. Ski am Wanter, Wanderen a Klammen am Summer an engem liewegen, oppenen a familiären Studenteliewen.

Eis Missioun ass et, dech an dengem Alldag zu ënnerstëtzen, vun der Wunnengssich iwwer universitär Froen bis hin zur Fräizäitgestaltung. Dat ganzt Joer iwwer organiséiere mir Eventer an Éisträich an zu Lëtzebuerg: Stammdësch Pubquiz, Beerpong-Tournoi, Welcome Owend, Dagesrees op Ischgl, Törggelen, Bowling, Karaoke, Tournoi de Noël a villes mei. Mat de Cerclen aus Wien a München, mat deenen mir als Innsbrucker gutt Relatioune pfleegen, organiséieren mir des weideren och all Joers eise Stand um Studentebal, Stau Event esou wei den BaseCup. a Tournoi de Noël. Ob sportlech, kulturell oder gesellschaftlech, fir jiddereen ass eppes dobäi! All Donneschden ass dann och eisen Stammdësch, entweder am Dinzler Café oder am SixtyTwenty. Kuck dir dofir am beschten eng Kéier eis Instagram Säit (siggi_lsi) un. Eng weider wichteg Säit ass d’Mitfahrbörse IBK-Lux / Lux-IBK wous du däin Transport vir op

Lëtzebuerg oder op Innsbruck organiséieren kanns.

Eis Zil ass awer méi wéi nëmmen Events ze organiséieren: mir wëlle eng staark Gemeinschaft opbauen, wou een neit Frëndschafte schléisst a Kontakter knäppt, déi iwwer d'Studienzäit eraus halen.

Fir all weider Informatiounen kanns du eis op Instagram oder Mail schreiwen oder selwer an eiser ausführlecher Informationsbroschür noliesen.

​​

Pfiat di a bis geschwënn!

LSI-Comité

Wat genau mëscht den LSI?

An dësem kuerzen Video gitt Dir alles iwwert eis gewuer!

WhatsApp Image 2026-04-28 at 16.31.37.jpeg

De Siggi

Servus!

Ech sinn de Siggi! Di eng nenne mech d'Maskottchen, ech nenne mech d'Murmeldéier vum LSI! Mee ech sinn net nëmmen iergendeen Murmeldéier aus den Alpen. Ech sinn dat éischt lëtzebuerger Murmeldéier wat sech selwer als Influencer bezeechnen dierf! Ech bedreiwen nämlech héich professionell en eegene Facebook- an Instagram-Account! Do kanns du meng Lëtzebuerger Studenten op Events verfollegen oder meng Schikënscht bewonneren. Donieft halen ech meng Community och

ëmmer iwwert Neiegkeeten a kommend Manifestatioune vum LSI um Lafenden.

Wanns du also zu Innsbruck bass, komm bis laanscht kucken! 

Du kriss sou ze soen e gratis Meet&Greet an natierlech dierfste mer och een ausginn! Als studéiert Murmeldéier dierf een sech jo och net ëmmer ze sérieux huelen.

Sollste also eng oder och e puer méi Froen hunn, zeck net mer ze

schreiwen an ech stinn der Ried an Äntwert. A wannste och keng Froen hues, dann dierfste mech gären adden a followen!

Pfiat di a bis geschwënn!

Abenteuer im verschneiten Gebirge
bottom of page